Fotografie Lëtzebuerg (Luxembourg)

Ech probéieren mol eng Groupe opzebauen fir Leit déi och d'Fotografie als Hobby hunn. Ech wëll net vill Regelen anféieren, just en puer wäeren mer wichteg.

1. Den Ëmgangstoun ass mer extreem wichteg. Et soll net iwwer deenen aaneren Leid hier Fotoen gemeckert oder genörgelt gin. Et däerf een gäer konstruktiv Kritik ausüben, sou dass et een weider bréngt an een vielläicht eppes baïléiert.

2. D'Fotoen déi gepost gin sollen och selwer gemaach sin. Et bréngt jo näicht der aus dem Net ze klauen an ze posten.

3. D'Fotoen sollen fier all Altersklassen ok sin, also Jugendfräi.

4. W.e.g keng Angaben maachen zu Lost Paces, den Urbexcodex gëtt w.e.g respektéiert.

5. All Zort vun Foto ass gäer gesin, ob se mat der Spiggelreflex gemaach sin oder mam Handy. W.e.g just engkéier selwer kucken. Och eng Handyfoto kann säin Charme hun wann d'Motif gelongen ass.


Et soll och eng Plattform ginn wann een Froen huet wéi wat geet a.s.w.

(Jiddwereen ass selwer fir dat verantwortlech wat en Post, also w.e.g serieux bleiwen.... An et soll och net als Werbefläche benotzt ginn fir eegen Geschäfter...)